Dem [Pəʊ] seng Geschichten

Heiansdo an awer regelmässeg muss d’[Pəʊ]  eräus an d’Strooss fir sech Inspiratioun ze huelen an da verleeft hatt sech dohinner wou hatt guer net awaard gëtt. Sou ass hatt bei acqua alta zu Venedeg, Italien, oder während kalem Wieder um Krëschtmaart zu Woltz ze gesinn!
Iwwerall wou hatt higeet, wëll hatt d’Leit vun do erliewen. Hatt sengt hinnen dann seng Lidder awer op eng [Pəʊ]art a Weis a grad wéi se an de Moment passen.

No jidfer Spazéiergang schreiwt d’[Pəʊ] seng Geschichten a säi Reesbichelchen op fir spéider des Momenter op der Bühn kënnen ze weisen! Seng läscht Geschicht, déi hatt geschriwwen huet, ass déi wéi hatt Besuch vun enger Vollmond Wanderung zu Ell, Lëtzebuerg kritt hat.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *